Riverside Tour
Dikrech
1.4 – 31.10
6 – 20 Leit
1,5 St. Faart
18 km
1
Einfach
Op Ufro
70 EUR / Persoun
Maacht Iech prett fir dat coolst Erliefnis vun der Saison –eng E-Bike Glacen Tour op Dikrech!
Mir starten am klenge, charmanten Bettendorf, wou et fir jidderee genuch Parkplaze gëtt. Vun do aus fuere mir zesumme duerch déi wonnerschein Hiwwelen a Vëlosweeër vum historesche Sauerdall – e Genoss fir d’Aen.
Ënnerwee maache mir eng Paus mat Gedrenks, engem Snack a flotten Gespréicher. Duerno geet et biergof op Dikrech fir eis grouss Finale: eng verdéngt Erfrëschung am Bistro All Schwemm, direkt un der schéiner Sauer.
Do kënnt Dir Iech mat enger Glace, engem Kaffi, engem Béier oder wat och ëmmer Iech gefällt, verwinnen. De Café bitt Sëtzplazen dobannen an dobaussen.
No dëser verdengter Paus cruise mir entspaant zeréck op Bettenduerf, genéissen all Minutt a sammelen zesummen flott Erënnerungen.
Déi perfekt Mëschung aus Aktivitéit, Spaass a Genoss – ob mat Frënn oder Famill – well ganz éierlech: Kee seet jee Nee zu enger Glace!
Wéini: 1.4 – 31.10
Wou: Start an Arrivée zu Bettenduerf
Participanten: 6 – 20
Treffpunkt: Optioun A: 10.00 Auer / Optioun B: 16.00 Auer
Dauer vun der Fahrt: 2 Stonnen
Dauer vun der Tour: 3 Stonnen
Distanz: 18 km
Stopp: 1
Schwieregkeetsgrad: Einfach – Relax! Gëeegent fir jiddereen, egal wéi al oder fit.
Wat sollt dir matbréngen: Gudde Stëmmung! E klenge Rucksak fir är Kamera, Handy, a vläicht eng Wandjackett fir méi frëscht Wieder.
Wat sollt Dir undoen: Bequeem Fräizäitkleedung. Keng speziell Veloskleeder néideg.
Präis: 70 € pro Persoun. (Kulinarik op Ufro)
Am Präis vun der Tour abegraff:
- Voll gelueden E-Bikes an Helmer, déi um Startpunkt zur Verfügung gestallt ginn. Dir kënnt och ären eegene Helm matbréngen.
- Waasser a Snack fir de Panorama-Stopp
Am Tourpräis net abegraff: Iessen a Gedrénks am Restaurant oder Bistro.

