Benny express
Veianen
1.4 – 31.10
6 – 20 Leit
2 St. Faart
16 km
2
Einfach
Op Ufro
70 EUR / Persoun
Start mat eis op eng geféiert E-Bike-Tour an der historescher Stad Veianen a genéisst déi wonnerschéin lëtzebuergesch Landschaft op autofräie Stroossen a charmanten Vëlospisten laanscht déi al Bunnstréck.
No dëser onvergiesslecher Aventure féiert d’Rees Iech zeréck op Vianden, wou Iech en Iessen an engem vun de charmante Restauranten erwaart. Genéisst déi gemittlech Atmosphär, tauscht Är Erliefnisser aus, laacht zesummen a loosst dësen aktiven an impressionnanten Dag op eng entspaant Manéier auskléngen.
Genéisst d’Natur, gutt Gesellschaft a schafft onvergiesslech Erënnerungen op dëser inspiréierender Tour!
All eis Vëloe sinn Tiefeinsteiger-Modeller a si domat fir jiddereen einfach ze benotzen.
Mir fuere a gemittlechem Tempo an enger Grupp a waarden ëmmer op all Participanten.
Speziell Vëloskleedung ass net néideg—bequeem Fräizäitkleedung ass perfekt.
Wou: Start an Arrivée zu Veianen
Hei kritt dir d’Vëloen an d’Helmer. Kommt w.e.g a gudder Zäit fir d’Astellung vun de Vëloen an d’Helmer.
Wéini: 1.4. – 31.10.
Participanten: Minimum 6 – Maximum 20
Treffpunkt: 08:30 Auer
Dauer: ca. 2 Stonnen
Streck: 16 km
Pausen: 2
Schwieregkeetsgrad: Einfach
Wat sollt dir matbréngen: Gudde Stëmmung! E klenge Rucksak fir ä Kamera, Handy, a vläicht eng Wandjackett fir méi frëscht Wieder.
Wat sollt Dir undoen: Bequeem Fräizäitkleedung. Keng speziell Vëloskleedung néideg.
Präis: € 70,- pro Persoun. (Kulinarik op Ufro)
Am Präis abegraff:
- Voll geluede E-Biken an Helmer um Startpunkt (Dir kënnt och ären eegnen Helm matbréngen)
- Waasser an e klenge Snacks fir déi 3 Pausen
Am Tourpräis net abegraff: Iessen a Gedrénks am Restaurant oder Bistro.

