Iwwer mech

Ech heeschen Søren Nissen an sinn an Dänemark gebuer an hunn do och meng Kandheet verbruecht. Elo liewen ech zënter ville Joren zu Lëtzebuerg. Demols sinn ech zoufälleg zu Lëtzebuerg geland andems ech mäin Kandheetsdram verfollegt hunn, Velosprofi ze ginn.

 

Mat 14 Joer hunn ech 1998 ugefaang mam Velossport. Als Velosprofi sinn ech als éischt just Stroossecourse gefuer an sinn duerno op den Mountainbike riwer geklomm. 2018 krut ech déi Lëtzebuerger Nationalitéit an hunn Lëtzebuerg am Sport vertrueden.

17 Joer sinn ech als professionnelle Fuere ennerwee geweecht an hunn weltweit un Coursen mat dene weltbeschte Coureuren deelgeholl. Verschidden Erfolleger konnt ech am Mountainbike erreechen, ënner anerem 8 Lëtzebuerger Meeschtertitelen, 2 Dänesch Meeschtertitlen, 4 Weltcup-Victoiren an eng Goldmedaille bei de Spiller vun de Klenge Länner.

 

Während menger Kaariär sinn ech vill gereest, hunn vill Länner erliewt an verschidde Kulturen entdeckt. Ech schwätzen Dänesch, Lëtzebuergesch, Englesch, Däitsch, Italienesch a Franséisch.

Well ech zanter ville Joere zu Lëtzebuerg wunnen, hunn ech emmer hei am Land mäin Velostraining absolvéiert a kennen mech dofir hei beschtens aus. Lëtzebuerg bidd vill schéin, secher, roueg an landschaftlech wonnerschéin Plazen, déi perfekt fir E-Bike Touren sinn.

 

De Vëlossport huet mir vill méi bäibruecht wéi just Course ze fueren. Ech hunn geléiert, wéi staark Teamgeescht ka sinn, wann all Mënsch weess, wéini en uféieren oder ënnerstëtze muss.
Ech hunn och verstanen, datt Ausdauer an Hingab de Schlëssel zum Erfolleg sinn – besonnesch dann, wann et Réckschléi ginn. Ech hunn mental Stäerkt entwéckelt: duerchhalen, fokusséiert bleiwen an d’Vertraue behalen, och an de schwéierst Momenter. Dës Wäerter begleeden a präge mech nach haut – am Sport wéi och am Liewen.